D’Welt veränneren? Wat eng komesch Iddi!

An awer ginn et ëmmer méi Leit, déi sech dem Zil verschriwwen hunn, eppes ze ënnerhuelen, ze handelen an hir Gewunnechten, Iwwerzeegungen an Handlungen ze änneren. Et ass méiglech, d’Welt duerch eise Konsum an duerch eis Choixen ze veränneren. D’Ënnerstëtzung fir eng lokal a respektvoll Produktioun ass e Géigegewiicht zu de Mais- a Rapswüsten, déi eis ländlech Regiounen dominéieren. D’Participatioun un Initiative wéi „Natur genéissen“ schaaft Liewensraim fir eis Matbewunner op der Äerd: Insekten, Vigel a kleng Nagedéieren. Sech am Kader vun der École du Goût weiderzebilden, mécht eis oppe fir d’Goûte vun hei, fir lokal Produiten an d’Méiglechkeete vun enger kulinarescher Preparatioun. Sech an der Slow-Food-Beweegung ze engagéieren an Junkfood ganz ewechzeloossen oder es manner ze iessen, steigert eist Wuelbefannen a schount gläichzäiteg eis Ëmwelt. Wien drop oppasst, intelligent ze konsuméieren a Reschter verantwortungsvoll ze verwäerten, ouni Liewensmëttelen ze verbëtzen, respektéiert net just de Produzent, mee këmmert sech och ëm d’Natur, well op dës Manéier d’Quantitéiten, déi mir fir eis Ernärung brauchen, reduzéiert ginn.
Mir hu vill Méiglechkeeten zur Verfügung – et läit un eis, se ze notzen. Besicht eis um Maart „Au Goût du Terroir“ zu Käerjeng an daucht nach méi déif an dës faszinéierend Welt vun den Aromaen, de Faarwen a vum Gléck an.
Oder wéi d’amerikanesch Schrëftstellerin Anne Lappé et ausgedréckt huet: „Wie sech lokal erniert, kritt déi frëschsten a leckerst Liewensmëttelen. An et verwiisst ee mat senger Gemeinschaft an et mécht ee se méi staark.“ Loosst eis all eisen Deel dozou bäidroen.