École du Goût

D’École du Goût ass eng Initiativ, déi 2007 vum Naturpark Our als multidimensionale Pilotprojet an d’Liewe geruff gouf. Zanter Mëtt 2018 ass d’École du Goût e gemeinsame Projet vun den dräi Naturparken.
Mat Hëllef vun interaktiven didakteschen Unitéiten, Workshoppen an aneren Aktivitéite wëll d’École du Goût d’Degustatioun mat de fënnef Sënner encouragéieren, d’Freed um Iessen an den Interessi fir Liewensmëttele fërderen an de Public fir eng nohalteg Iesskultur sensibiliséieren. Ernärung heescht och, sech fir e gudde Goût ze entscheeden. Siche mir no richtegen Aromaen? D’École du Goût widmet sech ënner anerem dëser Fro unhand vun Opklärungsaarbecht, Formatiounen an engem aktiven Austausch tëschent de verschiddenen Acteure vun der Liewensmëttelproduktioun, zu deene Produzenten, Gastronomen, Butteker a Konsumente gehéieren. Maacht mat bei der École du Goût an Dir wäert mierken, dass d’nei Ausriichtung vun Ärem Liewensstil, d’Ännerung vun Ären Iessgewunnechten an d’Nodenken iwwer d’ekologesch Auswierkunge vun de Liewensmëttelen och op eng flott Manéier méiglech sinn.