Mat engem oppene Geescht an oppenen Aen
Wie vun eis huet net schonn emol e Produit kaaft, fir deen den Dag virdrun um Fernsee oder am Radio Reklamm gemaach ginn ass?
Hautdesdaags ass jidderengem bewosst, dass d’Industrie net scheit, all d’Méiglechkeeten an Investitiounen auszenotzen, fir eis vun hire Produiten ze iwwerzeegen. Oft ass den exzessive Marketing méi wichteg wéi de Produit. An d’Diskussioun iwwer déi heiansdo moralesch Aspekter vun dësen Aktivitéite gouf längst lancéiert. Finanziell Iwwerleeënheet, Lobbyismus, Präisdumping an d’Virdeeler vun der Globaliséierung si just e puer vun den Aspekter, mat deenen de klenge Produzent mat senger lokaler Produktioun konfrontéiert ass. Hien ass op all Niveau ënnerleeën. En plus ass seng Produktioun direkt vum Buedem, de Laune vum Wieder a vum Klima ofhängeg.
Heiansdo héiert een, ob dës Form vu Landwirtschaft a Produktioun liewensfäeg, finanzéierbar an och schützenswäert ass. Esouguer d’Ausso, dass just de Steierzueler dës Betriber mat Subventiounen iwwer Waasser hält, ass an der Bevëlkerung wäit verbreet.
Mir sollten esou Aussoen net ze vill Gewiicht ginn an eis éischter froen: Wie si mir ouni dës lokal Produzenten? Wéi eng Gemeinschaft a wéi eng Regioun wëlle mir ouni si representéieren?
Heiansdo vergiesse mer, dass e Produit net just en inert Liewensmëttel ass, mee dass hannert dësem Produit eng Regioun, eng Kultur an och eng Existenz stécht. An et ass genee dëse lokale Produzent, dee säi ganzt Wëssen, seng Léift fir de Beruff a säi Stolz fir seng Regioun benotzt, fir sengem Produit eng Séil ze ginn. Dës Séil ass dat, wat mir op eisem Teller schmaachen, eis Freed mécht an eis als Gemeinschaft zesummebréngt. Mir dierfen ni vergiessen, wie mer sinn, wouhier mer kommen a wie mer wëlle sinn.
Et ass dowéinst liewesnoutwenneg, anescht ze kucken, nozelauschteren an heiansdo säi Point de vue ze änneren. Als Konsument ass et wichteg, virwëtzeg ze bleiwen, eppes entdecken a schmaachen ze wëllen. Et ass wichteg, regional Produzenten opzesichen, fir richteg, reng a geschichtsträchteg Produite kennen ze léieren. De Geescht oppen an de Gomm virwëtzeg ze halen – aus dëse Grënn ass e Maart wéi de Maart „Au Goût du Terroir“ quasi d’Essenz vu Gléck, Aromaen a Goûten. Entdeckt, wat d’Regioun, d’Land an d’Partnerregiounen Iech a puncto authentesch, lecker an nohalteg Produiten ze bidden hunn – hiergestallt am Respekt virun der Natur an eiser Zukunft.

