D’Naturparke begleeden hir Produzenten

Mat de Saisone liewen, op de Buedem lauschteren, sech de Wiederkonditiounen upassen – dat ass d’Liewe vun engem Liewensmëttelproduzent, deen d’Natur net senge Besoinen ënnerwerft, mee mat hir zesummeschaffe wëll. Op dës Manéier ze produzéieren, erfuerdert Erfarung, Zäit a Respekt. D’Liewe vum Produzent gëtt vu senger Aarbecht bestëmmt – et ass e Liewen am Aklang mat der Natur. Natierlech entsprécht eis haiteg Welt net méi der Welt vun deemools a vill administrativ Aufgaben an e strategesche Planning si bei d’Haaptgeschäft, dem eigentleche Metier, derbäikomm. Fir d’Produzente bei dësen Aufgaben a Flichten ze ënnerstëtzen, bidden d’Naturparken hinnen e Service un a begleede se bei Hygiènesfroen a bei der Entwécklung vu Produiten a Projeten. Heiansdo ass an hire vollen Deeg keng Zäit méi fir déifgrënneg Reflexiounen iwwer d’Méiglechkeeten an d’Chancen, déi sech kéinten aus der aktueller Situatioun erginn. D’Aidë probéieren ëmmer, regional Produiten a Projeten ervirzehiewen. D’Zil vun der Persoun, déi fir de Support vun de Produzenten zoustänneg ass, ass et, dass all d’regional Produzente vum groussen Netzwierk, dat si opgebaut huet, profitéiere kënnen.