Au Goût Du Terroir

Natur Genéissen

„Natur genéissen“ ass e Projet, deen 2016 vum SICONA, dem Interkommunale Syndicat fir Naturschutz, lancéiert gouf. Et handelt sech ëm eng Vernetzung vu lokale Produzenten a kommunalen Ariichtunge wéi Maison-relaisen. De Projet spillt aus deem Grond eng wichteg Roll bei all Prozess, deen als Zil huet, déi aktuell Situatioun ze verbesseren. D’Gemengen, déi beim Projet „Natur genéissen“ matmaachen, musse sech un e Cahier des charges halen, an deem de Kaf vu regionalen, biologeschen a fair gehandelte Liewensmëttele festgehalen ass. Op där anerer Säit mussen d’„Natur genéissen“-Produzenten Nohaltegkeetskrittären anhalen an en Deel vun hire landwirtschaftleche Fläche fir den Naturschutz reservéieren. Dësen zousätzlechen Effort gëtt doduerch belount, dass d’Crèchen, déi bei dësem Projet matmaachen, dës Entreprisë fir hir Akeef privilegéieren. D’Maison-relaise ginn iwwer déi verfügbar „Natur genéissen“-Produiten an d’Saison informéiert a kënnen esou de Planning fir d’Molzechten dëser Offer upassen. D’Zil vun der Aktioun ass et, d’Natur ze schützen, andeem eng lokal, konventionell a biologesch Produktioun ënnerstëtzt gëtt. Laut de Cahier-des-chargë solle mindestens 30 % Bio-Produiten an e Mindestundeel u regionale Produiten an de Maison-relaise verschafft ginn. Et sinn d’Gemengen, déi sech duerch hir Ënnerschrëft verflichten, dës Recommandatiounen anzehalen an duerch dëse Gest d’lokal Produktioun a kuerz Transportweeër ze ënnerstëtzen.

Zanter 2021 hu sech d’Naturparken der Initiativ ugeschloss. Säitdeem kënnen d’Gemengen, déi an dësen dräi Parke leien, matmaachen. Op dës Manéier ginn d’„Natur genéissen“-Bauerenhäff bei hiren Naturschutzdemarchen duerch konkret strukturell Elementer wéi d’Planze vu Beem oder Hecken ënnerstëtzt. All Gemeng, déi sech un dësem Prozess bedeelegt, ännert aktiv d’Ausgesi vun eiser Ëmwelt, ënnerstëtzt d’Schafe vu Liewensraim fir Zéngdausende vu Liewewiesen, deenen et u gëeegente Liewensraim feelt, an erméiglecht den zukünftege Generatiounen, an enger besserer Welt ze liewen ewéi där, an där mir elo liewen.

AU GOÛT DU TERROIR
Au Goûut du Terroir white logo
E22_white_logo
ORGANISATEUREN
kaerjeng_white_logo
naturpark_white_logo
minett_white_logo
SPONSOREN
sales-lentz_white_logo
bofferding_logo
meyer_white_logo
mogeba_logo

Au Goût Du Terroir,

KÄERJENG (BASCHARAGE)

Gratis Entrée

ËFFNUNGSZÄITEN

 Freides, 30. September 2022 vu 16:00 - 21:00 Auer

Samsdes, 1. Oktober 2022 vun 11:00 - 19:00 Auer

Sonndes 2. Oktober 2022 vun 11:00 - 18:00 Auer

LUX