Slow Food

D’Slow-Food-Beweegung ass an Italien aus enger Anti-Junk-Food-Aktioun eraus entstanen an et hu sech an de leschte Joerzéngten ëmmer méi Leit hir ugeschloss. Am Ufank waren d’Qualitéit vum Iessen, de Goût an d’Puretéit vun den Ingredienten dat Wichtegst. Mee d’Beweegung, déi vum Italiener Carlo Petrini gegrënnt ginn ass, konnt net d’Froen ignoréieren, déi iwwer dëst gastronomescht Zil erausginn – virun allem d’Froen iwwer d’Biodiversitéit an d’Aart a Weis, wéi mir eis Biedem behandelen. An als Konsequenz heivun d’Fro iwwer d’schiedlech Auswierkunge vun enger konventioneller, industrieller Landwirtschaft op den Zoustand vun eise Biedem an d’klimatesch Entwécklungen, mat deene mir konfrontéiert sinn. De Schutz vun der Biodiversitéit, de Schutz vun der Ëmwelt an eng gerecht Bezuelung fir d’Produzente goufen ëmmer méi wichteg. Haut bilde se d’Basis vun de Slow-Food-Wäerter. D’Gemengen, déi sech dëse Wäerter uschléisse wëllen, hu sech ënnert dem Kierzel Cittàslow vernetzt. Am Dezember 2021 ass och d’Gemeng Clierf derbäikomm. Dëst ass e weidert Beispill dofir, dass eng Gemeng, déi zu engem vun den dräi lëtzebuergeschen Naturparke gehéiert, d’Initiativ ergräift an den néidege Wëlle weist, fir Verännerungen a puncto nohalteg, gesond Ernärung a besser Liewensqualitéit ze bewierken.