56. Eppelpress

D’Eppelpress ass e landwirtschaftleche Familljebetrib, deen säit 2008 regionaalt Uebst verschafft. Jiddwereen kann mat sengem Uebst op RDV bei der Eppelpress laanscht kommen. Ab 200kg Äppel kritt dir äre Viz vun ären Äppel gepresst.
Eist Sortiment fir de Verkaaf, direkt an der Vizerei oder bei eise Revendeuren (https://eppelpress.lu/shops/), huet sech am Laaf vun de Joren erweidert vum Äppeljus an den Äppeljusmëschungen iwert Gebeess, Sirup a Balsamesseg.
Mir verschaffen fir eis Produktioun exklusiv Äppel vun Héichstammbéem an anert Uebst aus der Regioun. Eppelpress well eng Motivatioun bidden fir eis Bongerten ze erhalen an ze fleegen. Dat geet nëmmen wann e Notzen fir d’Uebst gin ass.
2012 hu mir am Kader vun engem Leader Projet zesummen mam Jaqueline Kuijpers vun “Liqueurs de Beaufort” 2 ha schwaarz Kréischelen ugeplanzt. D’Recolte gett fir d’Produktioun vum Cassero um Beforter Schlass an dem Jus, Sirop, Gebees a Balsamesseg bei der Eppelpress genotzt.


WEBSITE: www.eppelpress.lu

Au Goût Du Terroir,

KÄERJENG (BASCHARAGE)

Entrée gratuite

Heures d’ouverture

 Vendredi 30 septembre 2022 de 16h00 – 21h00

Samedi 1er octobre 2022 de 11h00 – 19h00

Dimanche 2 octobre 2022 de 11h00 – 18h00

FR